Zwee Medie ma ee gemeinsame Bléck op d'Welt vun haut: Expo verbënnt d'Molerei an d'Fotografie

"Equivalents - Gegen die Wand" vum Martine Breuer a Cristina Dias de Magalhães

Equivalents - Gegen die Wand

D'Martine Breuer an d'Cristina Dias de Magalhães verbannen an hirer Ausstellung zwee verschidde Medien: d’Molerei an d'Fotografie

D'Konscht muss net ëmmer Äntwerte ginn. Se ka Froe stellen, eis Perspektiv veränneren oder eis dozou bréngen nei Reflexiounen unzekuerbelen. D'Kënschtlerinne Martine Breuer a Cristina Dias de Magalhães verbannen an hirer Ausstellung "Equivalents – Gegen die Wand" zwee verschidde Medien: d'Molerei an d'Fotografie. An dat mat engem gemeinsame Bléck op d'Welt vun haut.

An hirer drëtter gemeinsamer Ausstellung bréngen d'Martine Breuer an d'Cristina Dias de Magalhães hir jeeweileg Perspektiven zesummen. Molerei a Fotografie ginn dobäi zu engem Dialog iwwer d'Wahrnehmung, d'Imaginatioun an d'Relatioun tëscht dem Mënsch a senger Ëmwelt.
Déi zwou Kënschtlerinnen hu scho gemeinsam zu Paräis studéiert an 2006 an 2012 zesummen ausgestallt. D'Martine Breuer setzt an hire Biller de Mënsch an de Mëttelpunkt. Hir Kannerportraiten aus der Serie "Wir laufen gegen die Wand"  ginn zu engem Appell: Nämlech net weider passiv ze bleiwen, wann et ëm de Klimawandel an Ëmweltschutz geet. An der Serie "Zwischenräume" dogéint weist d'Molerin eenzel Figuren, déi isoléiert an hirer Welt sinn.

D'Cristina Dias de Magalhães schafft mat hire perséinlechen Archiven a sicht an de Motiver aus der Natur no Verbindungen zu hirem Banneliewen. An hirer Serie "Equivalents. States of Existence" inspiréiert si sech un de fotografesche Wierker vum Alfred Stieglitz. D'Natur gëtt hei méi wéi just e Motiv. Si gëtt zu enger Metapher fir Emotiounen, Widderstandsfäegkeet an Transformatioun. D'Cristina Dias de Magalhães lenkt mat hire Fotoen och de Bléck op d'Schéinheet an d'Fragilitéit vum Liewen.

D'Faarwen, d'Formen, d'Materialitéit vun der Foto an de Cadrage vun der Molerei maachen, datt béid Medie mateneen harmonéieren. Zwou Kënschtlerinnen, déi sech zënter Jore kennen, an déi hir Ënnerscheeder a Gemeinsamkeeten ëmwandelen.
"Equivalents – Gegen die Wand" ass domat net nëmmen eng Ausstellung iwwer Fotografie a Molerei. Et ass och eng Invitatioun, de Bléck an d'Perspektiven op dat wat eis ëmgëtt, opzemaachen. D'Ausstellung kann een nach bis den 13. Dezember an de CAW op Walfer kucke goen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读