Eng Persoun koum an de Passagearrest: Kierperlech Ausernanersetzungen um Findel an op der Gare
Um Findel huet e Mann engem aneren an d'Gesiicht geschloen, op der Gare huet en alkoholiséierte Mann mam Sécherheetspersonal gestridden.
E Samschdegowend ass d'Police wéinst enger kierperlecher Ausenanersetzung virun den den Terminal vum Fluchhafen um Findel geruff ginn. Den éischten Erkenntnisser no hat hei e Mann engem aneren, aus bis ewell ongekläerter Ursaach an d'Gesiicht geschloen. Wéi d'Affer sech wollt wieren, huet den Aggresseur et op de Buedem gestouss. Wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn, war den Ugräifer net méi unzetreffen. D'Affer gouf op der Plaz medezinesch versuergt an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.
An der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police dann e kierperleche Sträit tëscht engem Mann an engem Member vum Sécherheetsdéngscht op der Stater Gare gemellt. Den éischten Informatiounen no wier de Mann alkoholiséiert gewiescht an hätt virum Sträit Passanten a Mataarbechter vun den CFL harceléiert. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz komm an huet de Mann fortgeschéckt. Dësen ass doropshin och gaangen. Ma géint 5:20 Auer e Sonndegmoien ass hien de Beamte vun der Police nees opgefall. Dat well hie bei der Gare laut gejaut an d'Sécherheetspersonal ugepöbelt huet. Well de Mann opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt hätt, ass hien no enger medezinescher Kontroll an d'Spidol komm.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗