D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläert: An de KannaNiuuss dës Woch: Kannerforum, Kleeschen, COP31 an Dammefuttball
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emi…
An de KannaNiuuss dës Woch: Kannerforum, Kleeschen, COP31 an Dammefuttball
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
An eisem Noriichteniwwerbléck geet et dës Woch ëm Kanner, déi hire Quartier verschéineren, an ëm de Kleeschen, dee mat enger ganz spezieller Damplokomotiv op Besuch war. Mir schwätzen iwwer d'COP31, déi ouni Eenegung op en Enn gaangen ass. An och den Testlännermatch vun der Dammennationalekipp war en Thema. Do weise mir iech d'Goler.
Am Reportage bleift et sportlech - d'Kannerreporter Leo an Nevio hunn d'fréier Futtballnationalspillerin Amy Thompson interviewed. D'Topp-Buteuse huet 26 Joer laang Futtball gespillt an an hirer Karriär 35 Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Am Interview verréit d'Amy Thompson, firwat si decidéiert huet opzehalen a wat fir si den Ënnerscheed tëschent dem Fraefuttball an dem Männerfuttball ass.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d'Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗