5,0 op der Richterskala: Zu Los Angeles huet de Buedem gewackelt

E Samschdeg koum et an der bekannter Stad un der amerikanescher Westküst zu engem schwéieren Äerdbiewen

Deeler vum Terminal 7 vum Los Angeles International Airport hu misste gespaart ginn, well hei Fënsteren duerch d'Äerdbiewen den 28. November gebrach sinn.

D'Biewen, wat 5,0 op der Richterskala erreecht huet, huet d'Côte am Süde vu Kalifornien getraff. Dobäi sinn zu Los Angeles an an der Ëmgéigend vill Fënsteren zu Broch gaangen an e Fliger huet seng Landung missten ofbriechen, well de Buedem ze vill gewackelt huet.

Der US Geological Survey no war d'Biewen zu Manhattan Beach, enger Stad net wäit vun LA ewech, däitlech ze spieren. D'Autoritéiten hunn d'Awunner aus der betraffener Regioun opgefuerdert, sech op méiglech Nobiewen virzebereeden."Äerdbiewe kënnen net virausgesot ginn, dowéinst sollt Dir Iech op Nobiewen virbereeden."

Vum US-Déngscht fir Noutfäll heescht et, datt een "aktiv mat de lokalen Autoritéiten zesummeschafft, fir méiglech Auswierkungen anzeschätzen".

Op Videoen an de soziale Medien ass ze gesinn, wéi Alarmanlage vun Autoen duerch d'Biewen ausgeléist ginn. Weider ginn et och Videoe vun engem Fliger vun Delta Airlines, deen u sech schonn amgaange war, ze landen, an dëst Manöver wéinst dem Buedem, dee gewackelt huet, ofgebrach huet.

D'US-Westküst läit an der Schnëttstell vu méi tektonesche Platten vun der Äerd. Dowéinst sinn hei kleng oder gréisser Biewe net seelen. Déi meescht sinn awer ebe schwaach a gi vun der ronn 40 Millioune Leit, déi hei liewen, bal net wouergeholl.

An awer gouf d'Regioun scho méi dacks vu schwéieren Äerdbiewe getraff. Dozou zielt d'Northridge-Biewe vun 1994 och am Raum Los Angeles. Deemools waren Dosende Leit ëm d'Liewe komm an dausende blesséiert ginn. D'Schied un Haiser oder der Infrastruktur goung an d'Milliardenhéicht. D'Äerdbiewe vu San Francisco aus dem Joer 1906, wat esouguer nach en Tsunami ausgeléist huet, soll iwwer 3.000 Doudesaffer gefuerdert hunn. Verschidden Affer sinn awer net direkt duerch d'Biewen ëmkomm, mä duerch d'Bränn, déi duerch d'Äerdbiewen ausgeléist goufen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读