80 Joer Akafe fir de gudden Zweck: De Bazar vun der Croix-Rouge feiert Gebuertsdag

Fir d'Feierdeeg hei zu Lëtzebuerg gehéiert et einfach dozou. D‘Lëtzebuerger Croix-Rouge organiséiert am groussen Zelt um Glacis hiren traditione…

Bazar vun der Croix Rouge (28.11.26)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Kuerz virun 11 Auer e Samschdeg de Moien hu sech déi meescht Visiteure schonn duerch d'Couloire vum groussen Zelt um Glacis gedréckt. Zejoert koumen eng ronn 7.000 Visiteuren. De Bazar vun der Croix-Rouge ass eng Initiative, déi kuerz nom zweete Weltkrich entstanen ass an dëst Joer säin 80. Gebuertsdag feiert, dat ënnert dem Haut-Patronage vun der Grande-Duchesse Stéphanie. An d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge huet sech vill Zäit geholl, fir alles am Detail ze entdecken. Et wier een houfreg iwwert de Succès vum Bazar a besonnesch och iwwert déi onermiddlech Hëllef vun den ronn 370 Benevollen, déi iwwert ganzt Joer sech heivir asetzen.

80. Editioun vum Bazar vum Roude Kräiz

D‘Lëtzebuerger Croix-Rouge huet dëse Weekend am groussen Zelt um Glacis hiren traditionelle Bazar organiséiert.

Esou kuerz viru Chrëschtdag ass een op der Sich no Kaddoen oder awer och fir sech selwer eng kleng Freed ze maachen. An dobäi och nach eppes fir de gudden Zweck ze maachen. D'Nadine Abel an d'Valerie Mackel si schonn zanter Joren Responsabel vun dësem Stand, wou ee Second-Hand Kleeder ze kafe kritt.

Am Joer 2025 huet een iwwert dëse Weekend esou konnten 300.000 Euro sammelen. Eng Zomm, déi virun allem de Kanner a Jugendlechen a schwierege Liewenssituatiounen hei am Land, ma och am Ausland, soll ze gutt kommen.

An och no 80 Joer bleift d‘Zil nach ëmmer dat d‘selwecht: Mënschen zesummebréngen an deenen hëllefen, déi et brauchen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读