Wanter- oder Allwiederpneuen: De richtege Choix hänkt vum Fuerverhalen of

Knapp 20 Prozent vun de Clienten hätten hir Wanterpneuen nach net drop, seet de Patron vun engem Pneueservice. Net jidderee wiesselt awer nach d…

Deen een oder aneren huet seng Wanterpneuen nach net opleien. An engem Garage, an deem Pneue gewiesselt ginn, war um Donneschdegmëtten nach zimmlech vill lass. Dobäi ass d'Zäit vum Wiessel scho längst iwwerfälleg.

"D'Gesetz schreift vir, dass, esoubal wanterlech Conditioune sinn, ee muss mat Wanterpneue fueren. Dat heescht, et ass net un en Datum gebonnen, mee just un d'Conditiounen", erkläert de Frank Maas vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL).

Wann also dobausse Frascht ass oder Schnéi gefall ass, muss ee Wanter- oder Allwiederpneuen drop hunn, wann een eraus fiert.

Wéi effikass d'Pneuen dann nach sinn, hänkt ënner anerem vun der Profildéift of. 1,6 Millimeter sinn hei am Land gesetzlech virgeschriwwen, véier Millimeter ginn awer als Minimum recommandéiert, woubäi een dat e bëssi méi nuancéiert kéint kucken.

"Ëm dës Joreszäit fannen ech déi 4 Millimeter genau richteg. Wann der just nach 4 bleiwen, soll ee wiesselen. Wann et elo Abrëll ass an et seet een, ech hunn nach 4 Millimeter drop, da fiert een ouni Problem nach e bësse weider", betount de Romain Muller, Patron vun engem Pneue-Service.

Da wieren d'Temperature gewéinlech esou, dass d'Pneue sech nach géingen eegnen.

Grouss Ënnerscheeder bei der Qualitéit

Mee net nëmmen d'Profildéift ass entscheedend fir d'Sécherheet. Och bei der Qualitéit ginn et grouss Ënnerscheeder, wéi eng rezent Testrei vu Wanterpneue vum ACL weist.

Am Test hu verschidde Pneuen 59.300 Kilometer duergehalen, anerer just 32.000. Och beim Bremswee goufen et grouss Ënnerscheeder.

Mat 80 Stonnekilometer op naasser Strooss koum dee selwechten Auto mat deenen enge Pneuen no 34,7 Meter zum Stoen. Mat anere Pneuen eréischt no 46,3 Meter. Op Äis bei enger Vitess vun 20 Stonnekilometer koum en dann eemol no 16,5 Meter zum Stoen, eemol no 19,5.

Och wat de Verbrauch op 100 Kilometer ugeet, mécht de Pneu en Ënnerscheed. De Verbrauch kann, jee no geteste Pneuen, ëm bis zu 0,6 Liter pro 100 Kilometer erofgoen. Am Test vu 5,8 Liter op 5,2 Liter.

All Pneu wier ëmmer e gewësse Kompromëss, erkläert de Frank Maas. Deen ee wier méiglecherweis besser am Schnéi, deen anere besser bei Reen. An da kéimen och nach Krittäre wéi zum Beispill d'Geräischentwécklung oder d'Ofnotzung dobäi.

Een oder zwee Sätz Felgen?

Nieft dem Choix vum richtege Pneu stellt sech fir vill Automobilisten dann och d'Fro, ob et sech lount, en zweete Saz Felgen ze kafen, fir d'Wanterpneuen drop ze montéieren.

"An der leschter Zäit sinn d'Felgen enorm deier ginn. Sou dass et net méi interessant ass, fir aner Felgen ze kafen. Wann et just nëmme eng Fro vun der Rentabilitéit ass, soll een et net maachen", réit hei de Romain Muller.

Eréischt wann een den Auto am Schnëtt 8 bis 10 Joer hält, géing et méi Sënn maachen.

Allwiederpneue fir Leit déi wéineg fueren

Eng Alternativ zum saisonale Wiessel sinn dann d'Allwiederpneuen. Dës ginn ëmmer méi beléift, well een domat d'Pneuen net zweemol am Joer muss wiesselen.

"Mir recommandéieren den Allwiederpneu, wann een net vill Kilometer fiert", seet dozou de Romain Muller.

Et géing just Sënn maache bei manner wéi 5.000 Kilometer am Joer. Ënner anerem notzen d'Pneuen am Summer bei héijen Temperature nämlech vill méi séier of.

Ma och bei staarkem Schnéi oder Glatäis wieren dës Pneuen e gutt Stéck manner performant wéi richteg Wanterpneuen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读