Spillfestival "Game On": Dëse Weekend gëtt an de Rotonde gespillt
Dëse Weekend ass an de Rotonden nees de Spillfestival "Game On". An deem Kader gëtt och de Spilltheater "The Game" vun der Associatioun Trickste…
Spillen an de Rotonden
Dëse Weekend ass an de Rotonden nees de Spillfestival "Game On".
Stellt Iech fir, Dir kéint op enger einsamer Insel vu vir ufänken an eng nei Gesellschaft opbauen. Dat eenzegt, wat Dir dofir kritt, sinn eng Kou, e Stall an e Stéck Land. Dat ass de Prinzip vum Spilltheater "The Game", dee vum Schwäizer Grupp Trickster-P entworf ginn ass a nach bis e Sonndeg an de Rotonden ze erliewen ass. D'Christina Galbiati vun Trickster-P erkläert, wat et domadder op sech huet:
“D’Spill ass eng Metapher fir eisen ekonomesche System. D'Leit mussen decidéieren, wat hir Wäerter sinn. Se hu Kéi, e Stall a verschidden Ziler a mussen dann decidéieren, wat se domat maache wëllen. Op se hir Kéi halen, oder géint Gold antauschen. Et ass alles eng Fro vun der Balance vun de Wäerter, géif ech soen. Vun de Wäerter a Ressourcen.”

Sechs Gruppen trieden am interaktive Spill géinteneen un an entdecken, op wéi eng Aart a Weisen eng Ekonomie kann opgebaut ginn. "The Game" soll déi existéierend sozial a kulturell Strukturen aus eiser Welt hannerfroen an de Wee fir nei Strukturen opmaachen.
“Eis Iddi ass net e Message ze iwwerdroen, mee ze weisen, wéi komplex en ekonomeschen a soziale System hautdesdaags ka sinn. Mir wëlle net soen, wat richteg oder falsch ass. Et geet méi drëm, verschidden Erfarungen ze maachen, Méiglechkeete kennenzeléieren an d'Limitten ze testen.”
"The Game" gëtt am Kader vum Spillfestival "Game On - Lëtzebuerg spillt" organiséiert. Bei dëser 8. Editioun kann een de ganze Weekend iwwer gratis an der Rotonde 1 verschidde Spiller spillen, dat ouni sech am Viraus unzemellen. Am Mëttelpunkt stinn hei Gesellschaftsspiller, et kann een awer och eng Rëtsch Videospiller spillen. De Jean-Claude Pellin vun der Game-On asbl erzielt, wat et alles z'entdecke gëtt.
"Et muss ee keng Virkenntnisser hunn. Et ass eppes fir jiddereen, vu kleng bis grouss. Et si ganz vill Familljen, déi kommen, wou jiddereen och fir däin Alter eppes fënnt. Et geet effektiv dorëms sech un en Dësch ze sëtzen, Spiller erkläert ze kréien, oder och Videospiller z'entdecken an och einfach déi Welt z'entdecken, déi net déi ass, déi ee kennt. Mir probéieren all Joer virun allem nei Spiller ze weisen. An der Brietspillwelt kommen all Joer ongeféier 1.500 nei Spiller op de Maart. Dat heescht schonn eleng, probéiere mir net déi nämmlecht Saachen ze weisen, wéi dat Joer virdrun."
Nieft de Spiller, ginn um Festival "Game On" och Workshops ugebueden, fir déi ee sech zum Deel net am Viraus umelle muss.
Bis e Sonndeg den Owend 18 Auer kann een um Spillfestival "Game On" Deel huelen an de Spilltheater "The Game" huet muer och nach fir déi ganz Famill zwou Virstellungen op Däitsch ze bidden. Weider Informatiounen fannt Dir um Internetsite vun de Rotonden.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗