Cross-Championnat: De Christophe Kass zielt zu de Favoritten
Den Athlet vun der Fola wëll zu Diddeleng d'Course gewannen an och senger Ekipp hëllefen, fir sech fir d'EM ze qualifizéieren.
Wie setzt sech beim Cross-Championnat zu Diddeleng duerch?
De Christophe Kass zielt zu de Favoritten.
Um Sonndeg steet zu Diddeleng de Championnat am Cross Country um Programm. Duerfir goufen um Samschdeg déi lescht Preparative gemaach. An de verschiddene Kategorië ginn 800 Leefer a Leeferinnen erwaart. De Christophe Kass huet um Parcours nach en Trainingslaf gemaach. 2018 hat den Diddelenger Schoulmeeschter de Championstitel mat Heem geholl. Zanterhier verpasst de Kass esou gutt ewéi kee Cross.
Dës Saison huet den Athlet vun der Fola véier vu 5 Crosse gewonnen. Zu Esch gouf hien den Zweeten, obwuel hien den Deulux-Laf vum Dag virdrun nach an de Been hat. Schonn dräimol huet de Christophe Kass den Challenge vun der Federatioun gewonnen. Um Sonndeg wäert dann eng staark Konkurrenz um Depart si mat Leefer, déi hiren éischte Cross fir des Saison lafen: Kinde, Klein, Keiffer, an d'Gebridder Weicherding, fir emol nëmmen déi ze nennen. De Kass huet och d'Ekippeklassement mat der Fola am Viséier. Déi Ekippen, déi sech op de Plazen 1 an 2 klasséieren, fueren a Portugal op d'Europameeschterschaft.
De Parcours zu Diddeleng ass zimmlech technesch mat e puer, schmuele Passagë, wou een net iwwerhuele kann. Et däerf ee gespaant si, wien e Sonndeg als Éischt iwwert d'Linn wäert lafen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗