Myanmar: Op d'mannst 17 Doudeger no Loftattack op Hochzäitslocation
Am Myanmar bekämpfe sech d'Arméi, pro-demokratesch Rebellegruppen an arméiert Gruppe vun ethnesche Minoritéiten.
Verëffentlecht: 28.11.26 15:57, Update: 28.11.26 16:33

Zu enger déidlecher Attack koum et e Samschdeg am Myanmar. Aenzeien no wier bei enger militärescher Loftattack ee Site getraff ginn, op deem Hochzäiten organiséiert ginn. Dobäi wieren op d'mannst 17 Mënsche gestuerwen. Um Site wiere grad d'Preparativen amgaange gewiescht fir eng Hochzäit. D'Arméi huet sech bis ewell nach net dozou geäussert.
Am südostasiatesche Land ass zanter dem Militärputsch am Joer 2021 e Biergerkrich amgaangen. D'Arméi an eng Rei pro-demokratesch Rebellegruppen an arméiert Gruppe vun ethnesche Minoritéite kämpfe géinteneen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗