70 Kilometer virun der Küst: Op d'mannst 14 Doudeger bei Bootsongléck virun de Kanaren
D'spuenesch Secouriste hu 84 Leit gerett.
Verëffentlecht: 28.11.26 12:11

Bei engem Bootsongléck virun de Kanareschen Inselen sinn op d'mannst 14 Mënschen ëm d'Liewe komm, heescht et vun offizieller Säit a Spuenien.
D'Boot mat Migranten u Bord ass e Freideg eng 70 Kilometer virun de Kanaren a Séinout geroden. Ugangs goung rieds vun 8 bis 10 Doudegen.
84 Persoune, dorënner ee Mannerjäregen, si vu spuenesche Secouriste gerett ginn. 6 weider Persoune koumen an engem kriteschen Zoustand an d'Spidol.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗