No Treffen tëscht USA, Russland a China: Selenskyj kritiséiert Trump a vergläicht Putin mam Hitler
De russesche Staatschef wier en Aggresseur an e Mäerder, sou den ukrainesche President.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kritiséiert den Donald Trump a vergläicht de Vladimir Putin mam Adolf Hitler.
Beim rezenten trilateralen Treffen tëschent den USA, Russland a China hat den US-President Donald Trump de Vladimir Putin als "mäi Frënd" bezeechent an eng Foto verëffentlecht, op där hien de russesche President an den Aarm hëlt.
De Wolodymyr Selenskyj huet elo an engem Interview mat der brittescher BBC dorop reagéiert. De russesche Staatschef wier en Aggresseur an e Mäerder, hien als Frënd ze bezeechne wier, wéi wann een am zweete Weltkrich den Hitler säi gudde Frënd genannt hätt.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗