Walen an Israel: Eisenkot geheit dem Netanjahu senger Partei vir, mat Koalitiounsgespréicher ze träntelen

No de Walen an Israel gouf den Uféierer vun der Oppositioun, de Gadi Eisenkot, mat der Bildung vun enger neier Koalitioun beoptraagt.

Der israelische Oppositionsführer Gadi Eisenkot hat die Likud-Partei des geschäftsführenden Ministerpräsidenten Benjamin Netanjahu beschuldigt, Gespräche über eine mögliche Koalition absichtlich herauszuzögern, um Neuwahlen zu erreichen.

De Gadi Eisenkot geheit dem nach-Ministerpresident Benjamin Netanjahu senger Likud-Partei vir, Neiwale provozéieren ze wëllen, an dowéinst Gespréicher iwwert eng méiglech Koalitioun express an d'Längt ze zéien. D'Likud hätt sech "zwou Woche laang geweigert, och just eng eenzeg Propos op den Dësch ze leeën", esou den Eisenkot e Freideg.

Déi konservativ Likud-Partei wier net zu Kompromësser bereet, sot den Eisenkot nach, deen d'Mëtt-Bündnis Jaschar uféiert. Dat Verhale géif dorop schléisse loossen, datt dem Netanjahu seng Partei nëmmen "d'Zäit bis zum Auslafe vu mengem Mandat fir d'Regierungsbildung versträiche loosse wëll, fir den oppositionelle Block ze splécken an Israel an eng weider Wal ze dreiwen", esou den Eisenkot.

D'Likud huet dem Eisenkot hirersäits virgeworf, un der Bildung vun enger "geféierlecher Lénksregierung" ze schaffen, huet allerdéngs erkläert, et wier ee weider oppe fir d'Bildung vun enger Eenheetsregierung.

Den Oppositiounsblock vum Eisenkot hat sech an de Walen Enn Oktober 48 Sëtz an der Knesset geséchert. Dem Netanjahu säi Bündnis koum op 53 Sëtz, déi arabesch Parteien op 19. Fir eng Majoritéit sinn op d'mannst 61 Sëtz néideg. De President Isaac Herzog hat den Eisenkot mat der Regierungsbildung beoptraagt. Hien huet bis de 6. Dezember, woubäi d'Frist ëm 14 Deeg verlängert ka ginn.

Säin Oppositiounsblock kéint ee Bündnis entweder mat den ultraorthodoxen oder den arabesche Parteien agoen. Méiglech wier och eng Regierung vun der nationaler Eenheet mam Netanjahu senger Likud, wou et e puer Gespréichsronne gouf. Dobäi ass ënnert anerem awer och dem Netanjahu seng Zukunft ee Sträitpunkt: Den Eisenkot hat ausgeschloss, ënnert dem Netanjahu an eng Regierung anzetrieden.

Israeelesche Medieberichter no wëll de Chef vun der arabesch-israeelescher Raam-Partei, de Mansour Abbas, de Weekend déi radikal Palestinenserorganisatioun Hamas als "Terrorgrupp" unerkennen. De Schrëtt kéint de Wee fir eng Koalitioun mam Eisenkot sengem Block opmaachen. D'Raam-Partei kënnt op aacht Sëtz.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab