Net virun NATO-Ausseminister-Sommet: USA verleeën d'Annonce iwwer d'Zukunft vun hirer Militärpresenz an Europa

D'USA wäerte "warscheinlech dat nächst Joer" d'Annonce, op déi d'NATO-Memberlänner waarden, iwwer d'Zukunft vun hirer Militärpresenz an Europa maachen. Déi Informatioun gëtt et aus dem Bréisseler Diplomatekrees.
Den Elbridge Colby, Ënnerstaatssekretär fir d'US-Defence, hat de 17. November matgedeelt, datt d'Reevaluatioun vun hirer "Truppepresenz" - am NATO-Jargon hirer militärescher Presenz - bis den 1. Dezember dem Pentagon-Chef Pete Hegseth géif virgeluecht ginn. Den 2. Dezember treffe sech d'Ausseminister vun den NATO-Staaten zu Bréissel, mä et erwaart ee sech do nach keng Annonce vun den USA zu dësem Thema. Dat huet en europäeschen Diplomat bei der NATO ausgesot.
"D'Annonce vun der Enquête wäert wuel dat nächst Joer gemaach ginn", huet en aneren Diplomat gesot. Et ass awer eng Annonce, déi bei den europäeschen NATO-Partner erwaart gëtt, well der vill eng drastesch Reduzéierung vun den US-Truppen an Europa fäerten, dat zu engem Zäitpunkt, wou déi russesch Menace zouhëlt.
"Mir hunn ëmmer erëm gesot, datt mir an Europa engagéiert wäerte bleiwen", hat den Elbridge Colby verséchert. Et war net déi éischte Kéier, datt US-Vertrieder dës Ausso gemaach hunn.
Den 28. Juli haten d'Vereenegt Staaten annoncéiert, datt een déi eege Militärpresenz an Europa wäert reevaluéieren. Zu dëser Reevaluatioun gehéiert och d'Notze vu US-Militärbasen an Europa. D'USA hate déi europäesch Länner jo staark kritiséiert, well dës den US-Truppen et net erlaabt hunn, d'NATO-Basen op hirem Terrain ze notzen, fir vun do aus den Iran unzegräifen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗