Reproche vun Hëllefsorganisatioun: Zwee Mataarbechter vu Médecins sans frontières wiere bei israeelescher Attack gestuerwen
Israel behaapt, dass déi zwee Männer Membere vun der Hamas gewiescht wieren.
Verëffentlecht: 28.11.26 10:09

Médecins sans frontières reprochéiert Israel, zwee vun hire Mataarbechter ëmbruecht ze hunn. Wéi et vun der Hëllefsorganisatioun heescht, wieren zwee Sécherheetsagente vun enger Klinik bei enger israeelescher Loftattack e Freideg ermort ginn.
D'israeelesch Arméi behaapt, déi zwee Männer wiere Membere vun der Hamas gewiescht. Et hätt ee kee Spidol oder medezinescht Gebai beschiedegt. MSF no wier awer e Spidol direkt getraff ginn. D'Raimlechkeete wiere kloer mat Logoe vun der Hëllefsorganisatioun markéiert gewiescht an de Standuert wier der israeelescher Arméi bekannt gewiescht. Mëttlerweil wiere scho 17 Mataarbechter vu Médecins sans frontières an der Gazasträif ëmbruecht ginn.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗