Alice Weidel: Zentralrot vun de Judden ass "friemgesteiert vun der CDU"
D'AfD-Cheffin mengt, de Rot wier "politiséiert" a géing "permanent als Waff géint d'AfD agesat ginn". Hir Partei wier dogéint déi lescht "Schutz…

An engem Podcast vum Sender "Die Welt" huet d'AfD-Cheffin Alice Weidel den Zentralrot vun de Judden als "friemgesteiert vun der CDU" kritiséiert. De Rot wier "politiséiert" a géing "permanent als Waff géint d'AfD agesat ginn". Der Parteicheffin no wier d'AfD "déi eenzeg a lescht Schutzmuecht vu jiddeschem Liewen an Däitschland". D'CDU wier dat net a géing d'Grenzen oploosse fir "Juddenhaasser".
Den Zentralrot vun de Judde kritiséiert scho laang d'Alternative für Deutschland. D'Deutsch-Israelische Gesellschaft DIG weist d'Virwërf vun der Alice Weidel decidéiert zréck. D'Organisatioun huet all d'demokratesch Parteien am Bundestag opgefuerdert, sech virun de Rot ze stellen a seng géint seng "Diffaméierung" anzesetzen. De Virsëtz vum Zentralrot wier vu bal 90.000 Memberen aus jiddesche Gemengen demokratesch gewielt ginn.
Den DIG-President Volker Beck huet kritiséiert, d'Weidel géing der jiddescher Communautéit dat eegent Urteel ofspriechen. Den Zentralrot géing virun der AfD warnen. Wien d'Reliounsfräiheet aschränken an den erënnerungspolitesche Konsens zerstéiere wéilt, wier keng Schutzmuecht fir jiddescht Liewen. D'AfD géing jiddescht Liewen, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet a Gefor bréngen, sou de Beck weider.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗