Mat 7.000 Tonnen Diesel u Bord gekentert: Vum Tanker "Med Emre" soll keng gréisser Ëmwelt-Gefor ausgoen

E Séimann koum ëm d'Liewen, wéi d'Schëff an der Nuecht op en Donneschdeg gekentert ass.

Verëffentlecht: 28.11.26 07:08

Vum Diesel-Tanker "Med Emre", deen an der Nuecht op en Donneschdeg virun der spuenescher Insel Ibiza gekentert ass, geet anscheinend keng gréisser Gefor fir d'Ëmwelt aus. Dat hunn Experten no enger Ënnersichung vum Schëff festgestallt. Et wier keen Diesel ausgelaf an d'Schëff wier stabil.

D'"Med Emre" war mat knapp 7.000 Tonnen Diesel u Bord gekentert. Ee Séimann koum dobäi ëm d'Liewen, 16 weider Membere vun der Crew konnte gerett ginn.

Wéi genee et zu dësem Accident mat dem Schëff, dat ënner malteeseschem Fändel fiert, koum, ass bis elo nach net gekläert.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL - International」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读