Kuba: Gedenkzeremonie fir den 10. Doudesdag vum Fidel Castro
D'Kubaner hunn zu Havanna hirem "Maximo Leader" geduecht, dee virun 10 Joer gestuerwen ass. D'Zeremonie war wéinst dem schlechte Wieder verluech…
KubaGedenkzeremonie fir den 10. Doudesdag vum Fidel Castro
D'Kubaner hunn zu Havanna hirem "Maximo Leader" geduecht, dee virun 10 Joer gestuerwen ass. D'Zeremonie war wéinst dem schlechte Wieder verluecht ginn.
Verëffentlecht: 27.11.26 10:58, Update: 27.11.26 11:27
Gedenkzeremonie fir den 10. Doudesdag vum Fidel Castro
D'Kubaner hunn zu Havanna hirem "Maximo Leader" geduecht, dee virun 10 Joer gestuerwen ass.
Fir säin 10. Doudesdag huet Kuba dem Fidel Castro geduecht. Virun der Universitéit vun Havanna war e grousst politescht a kulturellt Event opgezu ginn, un deem nieft dem President Miguel Diaz-Canel ënnert anerem och de Premier Manuel Marrero an den Ausseminister Bruno Rodriguez deelgeholl hunn.
D’Feierlechkeete waren eigentlech fir e Mëttwoch ugesat gewiescht, den effektiven Doudesdag vum "Maximo Leader", haten awer wéinst de schlechte Wiederconditioune musse verréckelt ginn op en Donneschdeg.
De Fidel Castro hat 49 Joer laang d’Geschécker vu Kuba geleet a war de 25. November 2016 am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗