Gréisser Kontroll zu Féiz: D'Police stellt 60 Infraktioune géint de Code de route fest

Ënner anerem hunn 29 Chaufferen hiren Handy iwwert dem Fuere benotzt.

E Freideg de Moien an am fréien Nomëtteg gouf et eng gréisser Verkéierskontroll vun der Police. Dat zu Féiz op der Penetrante de Lankelz, um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an an der Rue du Brill. Dobäi hunn déi 13 bedeelegt Beamten am Ganze ronn 60 Infraktioune constatéiert.

29 Chaufferen hunn 250 Euro musse bezuelen a krute 4 Punkten um Fürerschäin ofgeholl, well si den Handy iwwert dem Fuere benotzt hunn. 14 konnte keng respektiv keng valabel Pabeiere vun hirem Gefier virweisen, 12 sinn duerch Rout gefuer, zwee waren net ugestréckt an ee Chauffer hat eng Charge net richteg geséchert. Bei 3 Chaufferen, war et net déi éischte Kéier, dass si géint de Code de la route verstouss hunn.

Iwwerdeems huet d'Police zwee Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn.

Géint 20:45 Auer e Freidegowend gouf e Mann gemellt, dee sech zu Schëffleng an der Rue de la Gare hannert d'Steier vu sengem Auto gesat huet, an dobäi méiglecherweis alkoholiséiert war. Iwwert dem Fueren ass hien e puer Mol a Stroosseschëlder gerannt. Eng Patrull vun der Police huet de Mann schliisslech kontrolléiert. Dobäi gouf och en Alkoholtest gemaach, dee positiv war.

Géint 1:45 Auer e Samschdegmoien krut d'Police da gemellt, dass e Chauffer um Rouscht mat sengem Gefier an d'Barriär vun engem Parking gerannt wier. Wéi eng Patrull op der Plaz ukomm ass, hu si de Chauffer fonnt, deen hannert dem Steier vu sengem Gefier ageschlof war. Och hei war den Alkoholtest positiv.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL - National」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读