Um Kierchbierg: Police stellt Gasdrock-Pistoule bei Jugendleche sécher
D'Pistoule goufen, grad ewéi weidert Ekipement, dat bei d'Waffe passt, op Uerder vum Parquet saiséiert.
Um KierchbiergPolice stellt Gasdrock-Pistoule bei Jugendleche sécher
D'Pistoule goufen, grad ewéi weidert Ekipement, dat bei d'Waffe passt, op Uerder vum Parquet saiséiert.
Verëffentlecht: 28.11.26 12:46

Géint 21:10 Auer E Freidegowend krut d'Police gemellt, dass e puer Jugendlecher mat Waffe sech an engem Parkhaus an der Avenue John F Kennedy um Kierchbierg géingen ophalen.
Eng Patrull ass op d'Plaz gefuer a konnt déi Jonk lokaliséieren. Zwee vun hinnen hunn hir Waffen de Beamten iwwerginn. Et huet sech erausgestallt, dass et sech ëm Gasdrock-Pistoule gehandelt huet. Dës goufen, grad ewéi weidert Ekipement, dat bei d'Waffe passt, op Uerder vum Parquet saiséiert.
An dësem Zesummenhang erënnert d'Police un d'Gesetzer, déi am Zesummenhang mat Loft- a Gas-Pistoule gëllen.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗