70 Kilometer virun der Küst: Op d'mannst 14 Doudeger bei Bootsongléck virun de Kanaren

D'spuenesch Secouriste hu 84 Leit gerett.

Verëffentlecht: 28.11.26 12:11

E Member vun der spuenescher Séinout-Rettung schwätzt mat Leit, déi vum Boot gerett goufen.

Bei engem Bootsongléck virun de Kanareschen Inselen sinn op d'mannst 14 Mënschen ëm d'Liewe komm, heescht et vun offizieller Säit a Spuenien.

D'Boot mat Migranten u Bord ass e Freideg eng 70 Kilometer virun de Kanaren a Séinout geroden. Ugangs goung rieds vun 8 bis 10 Doudegen.

84 Persoune, dorënner ee Mannerjäregen, si vu spuenesche Secouriste gerett ginn. 6 weider Persoune koumen an engem kriteschen Zoustand an d'Spidol.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读