D'Sekretariat vum Kleeschen ass nach op: All Kand kritt eng Äntwert op säi Bréif

Dir hutt Äre Bréif un de Kleeschen nach net fortgeschéckt? Dir wësst d'Adress net oder wou een de Bréif ageheie soll? Eis Kannerreporter Elina a…

D'Kannerreporterinnen Elina a Maite hu bei der Post nogefrot, wéi d'Bréiwer bis bei de Kleesche kommen.

D'Kannerreporterinnen Elina a Maite hu bei der Post nogefrot, wéi d'Bréiwer bis bei de Kleesche kommen. Monica Camposeo

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Léif Kanner, hutt Dir Äre Bréif un de Kleesche scho fortgeschéckt? E bëssen Zäit ass jo nach bis Kleeserchersdag. D'Elina an d'Maite, eis Kannerreporterinnen, wëlle kucken, wéi hir Bréiwer iwwerhaapt bis bei de Kleesche kommen.

Fir d'éischt muss d'Adress drop, da kritt dir esouguer per Post eng Äntwert vum Kleeschen.

Kleeschen
1, Spillstrooss
L-3290 Am Himmelsland

Vergiesst awer net, Är eegen Adress hannen op d'Enveloppe ze schreiwen! Soss kann de Kleeschen nämlech net zeréckschreiwen. An dann: Ab an déi giel Bréifkëscht domadder!

All Kand kritt eng Äntwert op säi Bréif!

D'Sekretariat vum Kleeschen ass nach op

A wat geschitt da mat de Bréiwer? D'Elina an d'Maite hunn dat beim René Clement nogefrot, hie schafft scho ganz laang bei der Post an ass Préposé vum Centre de distribution zu Wecker. Hien erkläert de Kannerreporterinnen, dass d'Bréifkëschten eidel gemaach ginn an all d'Bréiwer an engem grousse Sak an de Centre de tri op Beetebuerg gefouert ginn. Hei gi se sortéiert. An d'Bréiwer un de Kleesche kommen an eng speziell rout Këscht. Wa se voll ass, gëtt se vun engem Chauffer vun der Post direkt bei de Kleesche bruecht.

9.000 Bréiwer un d'Kanner zeréckgeschéckt

Vun iwwerall si scho Bréiwer fir de Kleesche bei der Lëtzebuergescher Post ukomm. Eng Kéier souguer aus China! Och deen ass natierlech un de Kleesche weidergeschéckt ginn. An de 6. Dezember ass et eriwwer! Bis Enn Dezember souguer schéckt d'Post all d'Kleeserchersbréiwer weider. An d'Kanner, déi hir Adress dobäigeschriwwen hunn, kréien och eng Äntwert.

D'lescht Joer si bal 9.000 Bréiwer un d'Kanner zeréckgeschéckt ginn, seet de René Clement. Hie weess dat, well d'Bréiwer mat den Äntwerten natierlech och duerch de Centre de tri gaange sinn, wou d'Enveloppen da sortéiert an un d'Kanner geschéckt ginn.

Mee net ëmmer kann de Kleesche selwer äntweren, well hien esou vill ze dinn huet. Dann iwwerhuele Leit, déi him hëllefen, säi Sekretariat souzesoen.

De ganze Reportage mat de Kannerreporterinne Maite an Elina bei der Post gesitt dir an de KannaNiuuss de 6. Dezember.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读