En Zäitzeie verschwënnt: Elektrouewen tëscht Esch a Schëffleng gëtt ofgerappt

1994 a Betrib gaangen, verschwënnt den Elektrouewen zu Esch/Schëffleng e Sonndeg.

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

E Sonndeg 29. November moies tëscht 6 an 12 Auer gëtt den Elektrouewen um Site vun der fréierer Schmelz zu Esch/Schëffleng zum Fale bruecht. Den Uewen, dat heescht, wat vun ëm nach aktuell steet, gëtt ugeseet an duerno fält dësen a sech zesummen.

"1992 gouf den Elektrouewe gebaut. 1994 ass en ugefuer ginn. Et war den éischte modernen Elektrouewen hei am Land, wou Schrott benotzt gouf, fir Eisen ze produzéieren", sou den Alain Guenther, fréiere Schmelzaarbechter zu Schëffleng an duerno President vun der Delegatioun.

Stroossespären a Stëbs

E Sonndeg gëtt en Zäitzeie vun der Schwéierindustrie um Site vun der Schmelz vun Esch/Schëffleng dem Buedem also gläich gemaach. Aus Sécherheetsgrënn gi wärend den Ofrappaarbechten e puer Mesuren en place gesat. Ënner anerem gëtt d'Strooss tëscht Schëffleng an Esch Richtung Neidierfchen gespaart.

Elektrouewen zu Esch/Schëffleng gëtt ofgerappt.

E Sonndeg gin et verschidde Stroossespären.

"Eng Stëbswollek ass méiglech", erkläert de Schëfflenger Buergermeeschter Carlo Feiereisen. Den Elektrouewe steet nämlech relativ no zu enger Strooss. "Eng hallef Stonn virun der Sprengung ginn d’Schëfflenger Awunner iwwer eis App informéiert", sou nach de Buergermeeschter Carlo Feiereisen.

De Schëfflenger Buergermeeschter, Carlo Feiereisen am RTL Interview.

Beim Ofrappe vum Elektrouewen kann et zu enger Stëbswollék kommen.

D'Demolitioun vum ronn 50 Meter héije Gebai ass en Deel vun der Ëmgestaltung vum fréieren Industriesite tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng zum neie Wunnquartier “Metzeschmelz”. Méi spéit sollen um ronn 63 Hektar grousse Site eng 10.000 Awunner hei liewen a schaffen.

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

Christophe Hochard

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL - National」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读