Police-Asaz an der Stad: Fra klaut Portmonni am Tram a bäisst Polizist an d'Hand

D'Police hat en Donneschdeg zwee Asätz an der Stad wéinst Déifställ, ee wéinst enger Ausernanersetzung an ee wéinst engem presuméierten Drogende…

En Donneschdeg de Mëtteg war der Police en Déifstall an engem Tram gemellt ginn, dee grad virun der Stater Gare stoung. Deemno hat eng Fra enger anerer de Portmonni geklaut. Zeien, déi dat gesinn hunn, hunn d'Fra dunn am Tram zréckgehalen, bis d'Police do war. Bei der Kontroll vun der presuméierter Täterin huet dës sech immens onkooperativ verhalen an huet engem Beamten an d'Hand gebass.

Dee selwechten Owend géint 22 Auer krut d'Police gemellt, datt eng Fra hiren Handy, deen hir geklaut gi war, an der Rue des Capucins an der Stad lokaliséiert huet. Op der Plaz konnten d'Poliziste béid Fraen untreffen. De geklauten Handy gouf saiséiert an d'Besëtzerin krut dësen zréck.

Donieft mellt d'Police dann nach eng kierperlech Ausernanersetzung tëscht e puer Leit en Donneschdeg virun der Stater Gare. D'Beamten hunn hei zwee Männer ugetraff, vun deenen ee vun hinnen am Gesiicht blesséiert war a fir eng Kontroll an d'Spidol koum. Den zweete Mann hat däitlech ze vill Alkohol gedronk an huet sech onkooperativ verhalen. Well hien eng Gefor fir sech an anerer war, koum hien an de Passagearrest.

An der Nuecht op en Donneschdeg war et enger Patrull dann nach gelongen, e presuméierten Drogendealer festzehuelen. D'Beamte waren an der Géigend vun der Kräizung vun der Rue du Fort Bourbon mat der Rue du Fort Elisabeth op e presuméierten Drogenhandel tëscht zwee Männer opmierksam ginn. De presuméierte Keefer konnt kuerz drop op der Place de la Gare ugetraff a kontrolléiert ginn. Dobäi huet hien de Beamten zwou kleng Quantitéite Kokain an Heroin ginn. Och en Drogentest war entspriechend positiv. De presuméierte Verkeefer konnt och ugetraff a kontrolléiert ginn. Bei him goufen zwee Handyen a Boergeld séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogendealer festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab