Background am Gespréich (28. November): Crèchë-Reform: An Zukunft iwwer 1 Milliard Euro fir d'Kannerbetreiung
E Samschdeg waren d'Barbara Agostino (DP), d'Djuna Bernard (déi gréng), de Gilles Dhamen (Educatiounsministère) an de Paolo Fiorucci (FELSEA) ei…
E Samschdeg sinn d'Barbara Agostino (DP), d'Djuna Bernard (déi gréng), de Gilles Dhamen (Educatiounsministère) an de Paolo Fiorucci (FELSEA) eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Verëffentlecht: 28.11.26 06:00
Eltere mat Kanner a private Crèchë bezuelen an Zukunft manner. Dat hat d‘Regierung versprach, a léist dat mat e puer Méint Verspéidung och an. Ma wat bedeit dës Reform fir de Secteur, fir d‘Kanner an hir Elteren?
Ënnert anerem doriwwer schwätze mir e Samschdeg an der Emissioun Background.
Dat mat der Barbara Agostino, DP-Deputéiert a Rapportrice vum Gesetzesprojet, der Djuna Bernard, Deputéiert vun déi Gréng, dem Gilles Dhamen vum Educatiounsministère an dem Paolo Fiorucci, President vun der FELSEA.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗