Belsch: De Kinnek Philippe huet dem Premier De Wever nach eng Woch méi laang Zäit ginn fir ee Budgetsaccord
De Kinnek soll de Premier gedréckt hunn, mat den Negociatioune virunzefueren, fir esou séier wéi méiglech en Accord ze fannen.
Verëffentlecht: 16.11.26 19:25, Update: 16.11.26 19:26

Esou huet et um Méindeg aus dem Palais geheescht.
De Bart De Wever hat dem Staatschef de Bilan gemaach vun de schwierege Budgetsnegociatiounen tëscht de 5 Regierungsparteien.
Uganks des Mount hat den De Wever dem Kinnek jo scho seng Demissioun offréiert. Dësen hat dat awer och do scho refuséiert an de Premier opgefuerdert, weider ze verhandelen. Dësen huet wëlles bis 2029 10 Milliarden Euro ze spueren, fir de Staatsdefizit an de Grëff ze kréien.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗