War fir 2022 geplangt: Südspidol zu Esch net virun 2034
RTL-Informatiounen no wäert d'Südspidol net viru Mëtt vum nächste Joerzéngt operationell sinn. Rieds geet elo vu fréistens 2034. Bis dohinner missten awer Upassungen un den aktuellen Infrastrukturen duerchgefouert ginn.
Betraff wär d'Nidderkuerer Spidol, wat och zum CHEM gehéiert. Et géife Pläng um Dësch leie fir dëst Spidol, wat um Déifferdenger Terrain steet, bis zur Realisatioun vum Südspidol unzepassen respektiv auszebauen.
2015 gouf de Projet Südspidol presentéiert an d'Spidol sollt am Joer 2022 opgoen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗