FIFA-Presidentiellen: UEFA schéckt de Philippe Diallo an d'Course géint den Gianni Infantino

E Méindeg de Moie war et schonn a verschiddene Medien ze liesen, elo ass et offiziell. De Philippe Diallo gëtt am Walkampf ëm den neie FIFA-President als Konkurrent vum aktuelle President Gianni Infantino an d'Course geschéckt. Den 63 Joer alen Diallo ass zanter 2023 President vum franséische Futtballverband a Member vum UEFA-Exekutivcomité. Am Mäerz 2027 wäert hien also bei de Walen untrieden.

"De Philippe Diallo huet d'Invitatioun fir d'Kandidatur acceptéiert. Seng Kandidatur soll muer (en Dënschdeg, n.v.d.R.) am Kader vun enger Sëtzung vum FFF-Exekutivcomité offiziell confirméiert ginn", heescht et vun der UEFA.

Domat ass och kloer, datt den Arsène Wenger net bei de Walen untriede wäert, wéi et a Gerüchter an de leschte Wochen ze liese war.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅