Parlamentaresch Fro: Kee Lien tëscht Audit vun 2024 beim MENJE an aktueller Immigratiounsaffär

Den Audit, deen 2024 am Service fir d‘Unerkennung vun Diplomer gemaach gouf, huet näischt mat der aktueller Enquête wéinst frauduléiser Immigratioun a Korruptioun ze dinn. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert.

Ausléiser fir den deemolegen internen Audit wier e professionellt Feelverhale vun enger Mataarbechterin gewiescht, där nogewise gouf, datt si an dräi Fäll gefälschten Dokumenter an en Dossier geluecht hat. Déi concernéiert Persoun wier beim Parquet gemellt ginn, an no enger Disziplinarprozedur aus dem Staatsdéngscht entlooss ginn, esou de Minister weider. Op Basis vum Audit wieren dunn déi intern Prozedure vum zoustännege Service iwwerschafft ginn.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅