OGBL: D'Gewerkschaft proposéiert hir Revendicatiounen
Den OGBL wëll bei de Verhandlungen iwwer en neie Gehälteraccord beim Staat e Wiertche matschwätzen a proposéiert scho seng Revendicatiounen.
Et misst eng Punktwäerterhéijung vu 5 Prozent ginn, mee net queesch duerch de Gaart.
Dat soll dem Onofhängege Gewerkschaftsbond no virun allem fir déi méi niddreg Karriären am ëffentlechen Déngscht gëllen. Also eng Hausse op den 200 éischten Indexpunkten, wat engem Gehalt vu 5.000 Euro de Mount emtsprécht.
Dem OGBL no missten och d'Punktwäerter vun den Employéeën vum Staat un den Niveau vun de Fonctionnairen ugepasst ginn.
PDF: De Communiqué vum OGBL
PDF: D'Revendicatiounen
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗