Kläpperei virun Disko zu Féiz: Eng Persoun um Kapp blesséiert, eng weider am Gesiicht

Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg de Moien zu enger Kläpperei op engem Parking an der Géigend vun enger Disko an der Brillstrooss zu Féiz. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.

Wéi d'Polizisten op d'Plaz koumen, louchen zwou Persounen um Buedem, ouni sech ze beweegen. Eng vun de Persounen hat eng gréisser Blessur um Kapp, déi aner Blessuren am Gesiicht. D'Beamten hunn Éischt Hëllef geleescht, bis d'Ambulancieren ukoumen. Béid Blesséierter koumen an e Spidol.

Et gëtt elo enquêtéiert, wat genee geschitt war a wéi déi kierperlech Ausernanersetzung zu stane komm war.

Virum Etablissement waren deen Ament vill Leit, och där, déi net mat der Police kooperéiert hunn. Dofir waren direkt e puer Patrullen op der Plaz, esou d'Police an engem Schreiwes.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅