Warnung fir en Dënschdeg: Wandvitesse bis zu 85 km/h méiglech

MeteoLux huet fir en Dënschdeg eng Wandwarnung fir dee ganzen Dag an dat ganzt Land erausginn. Deemno wieren tëscht 6 an 23:59 Auer Wandvitessen tëscht 65 a lokal 85 Stonnekilometer z'erwaarden.

Moies fänkt den Dag mat Wolleken a vill Wand un, zäitweis kéint och méi staarke Reen erofkommen. Am Nomëtteg soll dee Reen dann nees e bëssen noloossen, éier owes méi moderat Schaueren z'erwaarde sinn.

D'Temperature kënnen dobäi tëscht 6 a maximal 13 Grad leien.

© MeteoLux

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅