CGDIS: Zwee Blesséierter um Sonndegowend
Géint 18 Auer sinn um CR170 tëscht Schëffleng an Esch-Lalleng zwee Autoen uneneegeroden, dobäi ass eng Persoun verwonnt ginn. Rettungsekippe vun Esch-Uelzecht waren am Asaz.
Kuerz drop, um 18:18 Auer, huet et dunn nach eng Kéier geknuppt. Zu Leideleng an der Rue de Bettembourg ass eng Persoun bei enger Kollisioun blesséiert ginn. Hei sinn d'Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech souwéi eng Ambulanz vu Beetebuerg op d'Plaz gefuer.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗