Schwammsport: Philippe Weyland an Emma Barthel mat neien nationale Rekorder
SchwammsportPhilippe Weyland an Emma Barthel mat neien nationale Rekorder
Op den 100 Meter an 200 Meter Papillon sou wéi op de 400 Meter Quatre nages ginn et zanter dësem Weekend nei Lëtzebuerger Rekordzäiten.
Verëffentlecht: 15.11.26 19:51

Iwwert déi lescht Deeg goufen am Schwammsport dräi nei Lëtzebuerger Rekorder opgestallt.
Op der 10. Editioun vum Challenge international zu Diddeleng huet de Philippe Weyland e Samschdeg iwwer 100m Papillon seng eege Beschtzäit vun 52.28 Sekonne getoppt a mat engem Chrono vun 51.52 Sekonne fir en neien nationale Rekord gesuergt. E Sonndeg huet hien dann och op den 200 Meter am Papillon en neien nationale Rekord mat engem Chrono vun 1:54.56 Minutt opgestallt. Duerch dës Leeschtung soll de Philippe Weyland och un der WM am 25-Meter-Baseng zu Peking deelhuele kënnen.
Ee weideren nationale Rekord gëtt et da vum Emma Barthel. E Freideg ass déi jonk Schwëmmerin zu Wuppertal op de 400 Meter Quatre nages eng Zäit vu 4:48.16 geschwommen. An der Finall A vun den däitsche Championnater am klenge Baseng huet sech d'Emma Barthel um Enn op der 6. Plaz klasséiert.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗