Weiler zum Tuer: Gemengerot no Komplementarwalen nees komplett
Dräi Sëtz waren nei ze besetzen. D'Corinne Sonntag, de Sandro Collarini an de Christian Happ si gewielt ginn.
Verëffentlecht: 15.11.26 19:40

An der Gemeng Weiler zum Tuer waren e Sonndeg Komplementarwalen, woubäi net manner wéi dräi Sëtz am Conseil nei ze besetze waren.
Et hate sech 9 Leit gemellt, um Enn goufen de Sandro Collarini mat 583 Stëmmen, de Christian Happ mat 453 Stëmmen an d'Corinne Sonntag mat 377 Stëmme gewielt.
Elo ass een zu Weiler zum Tuer mat 9 Conseilleren nees komplett.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗