No versichtem Uschlag op Dronefabrik: Estland mécht seng Grenz mat Russland zou

Tëscht Estland a Russland ginn elo och déi lescht Grenziwwergäng zougemaach.

No engem versichten Uschlag op eng Dronefabrik wäert Estland seng Grenz mat Russland op den 1. Dezember komplett zoumaachen. Dat huet den Ausseminister Margus Tsahkna e Sonndeg annoncéiert, nodeems de Ministerpresident Kristen Michal de russesche Geheimdéngscht GRU fir e versichten Uschlag op eng Produktiounsanlag fir Dronen nërdlech vun der Haaptstad Talinn responsabel gemaach hat.

D'eestnesch Autoritéiten hätten dem Tsahkna no kloer Beweiser fir d'Bedeelegung vum russesche Geheimdéngscht un deem versichten Akt vu Sabotage. Russland misst verstoen, dass feindlech Dote géint Estland Konsequenzen hunn an dass Versich vun Destabiliséierung net ouni Äntwert géinge bleiwen, sou de Politiker weider.

An der Nuecht op e Samschdeg hate méi Täter versicht, d'Fabrik zu Viimsi, nërdlech vun der Haaptstad, a Brand ze setzen. Aacht Verdächteger, déi an Estland wunnen, si festgeholl ginn. D'Firma ass spezialiséiert op Dronen, déi fir Ugrëffer an Defense kënnen agesat ginn. Estland huet aktuell nach dräi Grenziwwergäng zu Russland op.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅