5. Plaz op der Powerlifting-WM: Sëlwermedail an neie Weltrekord am Bänkdrécke fir d'Ankie Timmers

D'Lëtzebuerger Powerlifterin Ankie Timmers huet mat enger Sëlwermedail an engem neie Weltrekord eng erfollegräich Powerlifting-WM hannert sech.

Verëffentlecht: 15.11.26 18:58

Bei de sougenannte World Equipped Powerlifting Championships 2026 zu Istanbul ass d'Lëtzebuerger Powerlifterin Ankie Timmers e Sonndeg mat enger Gesamtleeschtung vu 615 Kilogramm op déi 5. Plaz komm an huet sech donieft d'Sëlwermedail am Bänkdrécke geholl.

Am Bänkdrécke gouf et mat engem Gewiicht vun 200kg net just d'Medail, ma och een neie Weltrekord an der Altersklass Masters 1. Bei deenen aneren Disziplinnen huet d'Ankie Timmers 220kg bei de Squats an 195kg beim Deadlift gepackt, wouduerch um Enn déi 5. Plaz am General zestane komm ass.

Duerch dës staark Leeschtung huet d'Lëtzebuergerin no enger laanger a schwéierer Verletzung och nees d'COSL-Kadernorm erreecht.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅