Vermësstemeldung gestrach: Den André Zoller ass erëmfonnt ginn

De 64 Joer ale Mann huet e Sonndeg viru Mëtteg säin Haus verlooss an ass zanterhier net méi gesi ginn.

Verëffentlecht: 15.11.26 17:47, Update: 15.11.26 17:50

Den André Zoller vu Konsdref gëtt vermësst.

E Sonndeg am spéide Virmëtteg huet de 64 Joer alen André Zoller vu Konsdref säin Haus verlooss a gëtt zanterhier vermësst.

Hie fiert gäre Bus oder Zuch, ouni e bestëmmten Zil ze hunn. De Vermëssten huet e gro gesträifte Plower un, eng donkelgro Box an däischter Schong. Hien ass ouni Jackett ënnerwee.

All Informatiounen iwwert déi vermësste Persoun si fir d'Police vun Iechternach, per Telefon um (+352) 24472-1000 oder per E-Mail op police.echternach@police.etat.lu.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅