Am Laf vum Sonndeg: Dräi Blesséierter bei zwee Accidenter
Tom Nols
De CGDIS mellt zwee Autosaccidenter, bei deenen am Ganzen dräi Persoune verwonnt gi sinn.
Verëffentlecht: 15.11.26 17:10

© Laurent Weber
Géint 12:15 Auer ass tëscht Waasserbëlleg a Mompech en Automobilist bäigaangen an huet sech dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mäertert.
Tëscht Sandweiler an Éiter hate sech um 14:15 Auer zwee Gefierer ze pake kritt. Dobäi sinn zwou Persoune verwonnt ginn. Am Asaz waren do d'Pompjeeë vu Mutfert an eng Ambulanz aus der Stad.
Am meeschte gelies
Weider News
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗




