EU Most Wanted: Ildikó Bódi zanter 3 Joer wéinst Entféierung vu Kand gesicht

D'Police deelt op de soziale Medie mat, dass nach ëmmer nom Ildikó Bódi gesicht gëtt. Der 43 Joer aler Fra gi Verbrieche géint Kanner an eeler Leit virgehäit.

Ënner anerem geet et ëm d'Entféierung vun engem Kand a wéinst e puer Fäll, an deene si géint d'Suergerecht a Recht op Visitten, déi vun engem Geriicht festgeluecht goufen, verstouss soll hunn. Nodeems de gesetzleche Wunnsëtz vum Kand dem Papp zougeschwat gi war, ass déi ungaresch Fra am Dezember 2023 mam Kand verschwonnen.

Zënterhier konnt de Papp seng Roll als Elterendeel net ausüben an hat kee Kontakt méi mam Kand. Géint d'Bódi goufen duerfir en europäeschen an en internationale Mandat d'arrêt ausgestallt an zanterhier steet si op der "EU Most Wanted"-Lëscht.

FAST Lëtzebuerg këmmert sech ëm d'Ermëttlunge bei gesichte Persounen a schafft enk mat dem europäeschen Netzwierk ENFAST zesummen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅