Dragster-Sport: Carole Weyland ass "Queen of the Quartermile 2026"

An hirer éischter Saison ass d'Lëtzebuergerin Zweet am Championnat an déi séierst Fra vum Joer ginn.

Verëffentlecht: 15.11.26 15:09

D'Carole Weyland ka sech no hirer éischter Dragster-Saison iwwer zwou Auszeechnunge freeën.

Dëse Weekend sinn zu Suhl déi däitsch Meeschtertitele vergi ginn an do gouf et fir d'Carole Weyland Grond ze feieren. An hirer éischter Saison huet d'Mamm vum Weyland & Sons Team mat exzellente Resultater iwwerzeegt.

Zweet Plaz an der DMV ProEt Meeschterschaft an als Kréinung d’éischt Plaz bei de Frae vu sämtleche Klassen. Domat krut d'Carole offiziell den Titel ‘Queen of the Quartermile 2026’.

D’Famill ass immens houfreg a freet sech, wann et 2027 weider geet.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅