Maredsous (Province de Namur): 5 Blesséierter no Explosioun vu Gasfläsch op Chrëschtmaart

Op engem Chrëschtmaart am belsche Maredsous, net wäit vun Namur ewech, ass et um Sonndeg zu enger Explosioun komm.

5 Leit goufen dobäi blesséiert, 2 dovu méi schro. Ee Blesséierte gouf mam Rettungshelikopter op Léck transportéiert, eng aner soll an e Militärspidol op Neder-Over-Heembeek bruecht gi sinn, melle belsch Medien.

Ausléiser vum Accident war, datt eng Propangasfläsch explodéiert ass, dono ass dunn ee Feier ausgebrach. Zwee Verkafsstänn goufe komplett zerstéiert, zwee weiderer beschiedegt.

De Chrëschtmaart bleift nom Accident de Recht vum Sonndeg mol zou.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅