Wanterfeeling zu Suessem: 10.000 Visiteure wärend den éischten zwee Deeg
18.Editioun vum Wanterfeeling zu Suessem. Grousse Succès bei Grouss a Kleng
Verëffentlecht: 15.11.26 14:28
FotogalerieWanterfeeling zu Suessem - 2. Dag (14.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Op den éischten zwee Deeg goufen am ganzen 10.000 Visiteure gezielt. Ganz vill Leit waren um Samschdenowend do, fir sech dat grousst Feierspektakel net entgoen ze loossen. D'Compagnie "Opera Fiammae" aus Italien ware Feier a Flam. Och d'Akrobaten am Zirkuszelt hu fir déi richteg Stëmmung ënnert de Leit gesuergt.
Déi éischte Jore gouf et e Summer- a Wanterfeeling. Elo gëtt sech voll a ganz op den zweetgenannte konzentréiert. D'Plaz ronderëm dat fréiert Kannerschlass ass och ideal fir esou e grousst Evenement an der Gemeng Suessem z'organiséieren. Laang Deeg am viraus gëtt den Terrain ronderëm preparéiert. Mulch gëtt ofgetippt, dat d'Leit bei schlechtem Wieder awer propper trëppele kënnen.
3 Deeg Animatioun, Spektakel a vill verschidde Verkafsstänn. Déi Jonk bis 16 Joer si fräi. Den Entrée fir déi Erwuesse läit bei 10 Euro fir déi 3 Deeg.
FotogalerieWanterfeeling zu Suessem (13.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wanterfeeling zu Suessem - 1. Dag (13.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗