Kanaresch Inselen: Eleng um Samschdeg si ronn 1.500 Migrante ukomm

Zanter e puer Wochen ass d'Zuel vu Flüchtlingen, déi probéieren an Europa ze kommen, nees geklommen.

Verëffentlecht: 15.11.26 12:24

E Samschdeg sinn op de Kanareschen Inselen knapp 1.500 Migranten ukomm. Esou vill waren et der bannent engem Dag net méi zanter 2020. Déi meescht kommen aus dem Senegal, Gambia a Guinea a goufe virun der Côte vun där méi klenger Insel El Hierro gerett.

Zanter e puer Wochen ass d‘Zuel vu Migranten, déi iwwert dee Wee probéieren an Europa ze kommen erëm geklommen. Alles an allem sinn et der awer nach ëmmer manner wéi zejoert ëm déi selwecht Zäit.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅