Riad: Huthi-Miliz soll Haaptstad vu Saudi-Arabien mat Dronen attackéiert hunn

Eidel Stroossen zu Riad am August 2025.

D'Huthi-Miliz soll d'Haaptstad vu Saudi-Arabien mat Dronen attackéiert hunn. Dës goufen awer ofgewiert, heescht et um Sonndeg vu Riad. Zanter dem Ufank vum Iran-Krich ass och de Konflikt am Jemen erëm méi schlëmm ginn. Hei kämpfe jo déi pro-iranesch Huthi-Miliz géint déi international unerkannte Regierung.

Riad steet un der Spëtzt vun enger ganzer Militärkoalitioun géint den Iran. Dës attackéiert Ziler an deene Géigenden, an deenen d'Huthi d'Kontroll am Jemen hunn. Zanter de Konflikt erëm opgeflaamt ass, sinn de Vereenten Natiounen no, méi wéi 1.600 Leit gestuerwen a méi wéi 300.000 goufen aus hirer Heemecht verdriwwen.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅