Premiere am US-Bundesstaat Texas gelongen: Ieweschten Deel vu SpaceX-Rakéit erfollegräich op Äerd gelant

E Freideg den Owend war en Deel vun der Rakéit explodéiert.

Gutt a schlecht Nouvellen aus dem Texas fir den Elon Musk. E Freideg ass de Booster vu senger Starship-Rakéit explodéiert, wéi dëse rëm op der Äerd sollt landen. Dat entscheedend Manöver vum Test steet awer nach un. Den Deel vun der Rakéit, deen et an d'Äerdëmlafbunn gepackt huet, soll fir déi éischte Kéier rëm agefaange ginn.

Starship ass déi gréissten a stäerkste jeemools gebaute Rakéit. E Freideg den Owend eiser Zäit war déi 124 Meter grouss Konstruktioun am US-Bundesstaat Texas gestart. Schonn no e puer Minutte war et um ënneschten Deel, "Super Heavy" genannt, zu technesche Problemer komm. De Booster hat sech doropshi selwer ofgeschalt a war ofstierze gelooss ginn, well eng sécher Landung net méi méiglech war.

Premiere e Samschdeg den Owend?

Starship konnt dogéint weiderfléien a seng Ëmlafbunn op Orbit erreechen, fir do erfollegräich 26 Satellitten auszesetzen, déi dem Elon Musk säin Internet-Netzwierk Starlink erweidere sollen. No gutt 22 Stonne Fluchzäit a 14 Tier ronderëm d'Äerd wäert Starship e Samschdeg den Owend zréck op d'Äerd kommen. Dobäi muss d'Rakéit den Antrëtt an d'Atmosphär iwwerstoen an dann och d'Landung am Texas, bei där se vu Gräifäerm agefaange soll ginn. E riskant a komplext Manöver, dat vu SpaceX live iwwerdroe gëtt.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅