Zu Antalya: Iwwer 7.000 Leit bei Protester géint COP31

Zu Antalya si ronn 7.000 Leit op d'Stroosse gaange fir ze protestéieren.

Zu Antalya hunn e Samschdeg gutt 7.000 Leit géint d'UN-Klimakonferenz protestéiert, déi aktuell do ofgehale gëtt. Déi tierkesch Police huet dee Chiffer genannt. D'Demonstratioun huet de sougenannte People's Climat Summit agelaut, deen ONGen, Klimaaktivisten an aner Vertrieder vun der Zivilgesellschaft parallel zur COP31 organiséiert hunn.

D'Organisateure vun der Demonstratioun geheien de Membere vun der Klimakonferenz vir, d'Besoine vun de Leit a Länner, déi am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn, z'ignoréieren. Hir Stëmme géifen ni bei enger COP gehéiert ginn, sou d'Aktivisten.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅