Mecklenburg-Vorpommern: Déi nei Koalitioun aus SPD, Lénken a Grénge steet

Et ass déi éischte Kéier, datt an engem däitsche Bundesland eng rout-rout-gréng Regierung un d'Rudder kënnt.

Verëffentlecht: 14.11.26 13:52, Update: 14.11.26 14:15

A Mecklenburg-Vorpommern steet déi nei Koalitioun aus SPD, Linken an deene Gréngen. Et ass déi éischte Kéier, datt an engem däitsche Bundesland eng rout-rout-gréng Regierung un d'Rudder kënnt. Wéi de Spiegel mellt, hu lo déi dräi Parteie gréng Luucht fir déi nei Koalitioun ginn.

Bei de Landtagswalen am September war d’AfD mat ronn 38 Prozent déi stäerkste Partei ginn. Well awer keng aner Partei mat der rietser Partei zesummeschaffe wëllt, wäert d’AfD déi eenzeg Oppositiounspartei am Landtag zu Schwerin sinn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅