4 Fürerschäiner agezunn: Iwwer 550 Automobiliste hunn Alkoholtest musse maachen
D'Police huet e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg op Uerder vum Parquet op véier Plazen Alkoholkontrollen duerchgefouert.
Verëffentlecht: 14.11.26 12:41

D'Police huet e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg op Uerder vum Parquet op véier Plazen Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am Ganze hu 556 Automobilisten mussen en Otemtest maachen.
- Conter: 81 Automobiliste kontrolléiert, 5 Alkoholtester positiv. Ee Führerschäin gouf op der Plaz agezunn.
- Éiter: 127 Automobiliste kontrolléiert, keen Alkoholtest positiv.
- Fréiseng: 221 Automobiliste kontrolléiert, 6 Tester positiv. Véier Protokoller goufen ausgestallt an ee Führerschäin agezunn.
- Diddeleng: 127 Automobiliste kontrolléiert, 3 Tester positiv. Ee Führerschäin gouf op der Plaz agezunn. En anere Chauffer huet op der Géigespuer en Alkoholtest refuséiert, wouropshin och him de Führerschäin ofgeholl gouf.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗