Propos vun den USA: Ukraineschen NATO-Bäitrëtt am Géigenzuch zu Verzicht op Donbass-Gebitt

De President Selenskyj bei der UN-Vollversammlung.

Wéini d'Gespréicher iwwert d'Zukunft vun der Ukrain zu engem Accord komme kënnen, bleift weider ganz ongewëss. Den ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj sot e Samschdeg de Moien viru Reporter, d'USA hätten der Ukrain en NATO-Bäitrëtt an Aussiicht gestallt. Verbonnen awer mat der Konditioun, datt d'Land op Territoire verzicht.

An de Gespréicher zu Abu Dhabi wier ze lescht konkret d'Fro opgeworf ginn, ob d'Ukrain ieren op den Donbass verzichte kéint. Wat bis elo ausser Fro stoung. An och e Samschdeg de Moien huet de Wolodymyr Selenskyj nach emol betount, datt Kiew net bereet ass Gebidder ofzetrieden.

Sollt d'Ukrain en ëmfaassende Sécherheetspak kréie mat Sécherheetsgarantien, enger gutt finanzéierter Arméi a Sue fir den Neesopbau, géif hien d'Fro awer an engem Referendum zum Vott stellen, gëtt de Wolodymyr Selenskyj an de Medien zitéiert.

Fir de Kreml war en NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain bis elo eng rout Linn, déi net iwwerschratt dierft ginn.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅