De Passepartout vum 14. November: Vu Chanson a Poppe bis hin zu enger gëllener Léift
Dës Woch am Passepartout: De Kuerzfilm Agalmatophilie, d'Expo COEXIST, Papusi, e Chanson-Duo a "Genuch ze dinn" an der Kulturfabrik.
Verëffentlecht: 14.11.26 08:00
Passepartout vum 14. November 2026
Papusi, Chanson Duo, d'Expo COEXIST, de Monolog "Genuch ze dinn" an de Kuerzfilm "Agalmatophilie".
Dës Woch am Passepartout: Eng nei Theaterproduktioun, e Chanson-Duo, Danz a Poppespill, eng Expo op enger ongewéinlecher Plaz an e Mann, deen an eng bekannte Lëtzebuerger Statue verléift ass.
De Kuerzfilm “Agalmatophilie” erzielt d’Geschicht vun engem Mann, deen eng sexuell an emotional Bindung zu der Gëlle Fra huet.
An der Rubrik 90 Sekonne weise mir en Extrait vum Monolog “Genuch ze dinn”. D’Expo COEXIST weist d’Wierker vun Artisten vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland an dat an engem Familljenhaus.
D’Choreografin Jill Crovisier presentéiert hir neiste Kreatioun, an där Danz a Poppespill openeentreffen a mir haten de Chanson-Duo “C’est la vie” am Interview.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗